Iwwert mech

Carine Mertes

Nunofilz ugefaang am Joer 2004.

Member vun der International Feltmakers Association an vun der IDAA (Interior Designers et Artisans d'Art)

Cours-en bei renomméierte Filzerinnen am Ausland:
Inge Bauer, Charlotte Sehmisch, Judith Pocs , Christina Lennhof, May Jacobsen Hvistendahl, Charlotte Buch...

3-jähreg Ausbildung an der Filzschule Oberrot bei den Dozentinnen: Lyda Rump, Inge Bauer an Beatriz Schaaf-Giesser; Cours beim Petra Kunz.

Wat ass Filz?

D'Filzproduktioun ass eng vun den eelsten Handwierkstechniken déi de Mënsch kennt.
De Filz huet vill Eegeschaften, déi de Mënsch sech säit jeher konnt zu Notze maachen:
en ass robust, waasser- an dreckofweisend, brennt net an en isoléiert.
Déi eelsten archeologesch Ausgruewungen, wou Filz fonnt gouf, sinn op ongeféier 8.000 v. Chr. datéiert.

Filz kann aus Schofswoll, awer och aner Déierenhoer bestoen, déi duerch Reiwung mat Waasser a Seef zu engem zesummenhängenden Stëfft verschafft ginn. Der Fantasie si keng Grenze gesat an esou geet de Choix beim Filzen vu Kleedung, iwert Accessoiren bis zur Raumdekoratioun oder Objeten fir den deegleche Gebrauch.

Filzen erfuerdert vill Gedold, Rouh an Disziplin.

Et brauch seng Zäit bis d’Fasere sech zu engem festen an zusummenhängende Stéck verbonnen hun.
All Déierenhoer huet aner Eegeschaften a verfilzt doduerch anescht. Och d’Ausléen an d’Walken vum Objet spillen eng Roll bei Dicht, Déckt a Festegkeet.

Nunofilz ass eng Verbindung vu Woll a Stoff. Dat Wuert ‚Nuno’ kënnt aus der japanescher Sprooch a bedeit ‚Gewebe’. Duerchléisseg Stoffaarten wéi Seid, Kotténg oder Viskos gi mat Woll verfilzt. Aus Nunofilz entstinn haaptsächlech Accessoiren, wéi Schalen, Aarmstulpen a Gezei.

Woll

Et gëtt esou vill Zorte Woll, wéi et Schof gëtt an dorausser kann een nach Mëschunge maachen ... Fir Gezei a Schaler gëtt haaptsächlech eng ‘super fein’ Merinowoll geholl, déi och net kraazt. Fir Schlappen oder Poschen, däerf et scho méi eng graff a steif Woll sinn, net nëmmen wéinst der Stabilitéit, mee sécher och wéinst der Originalitéit vum Objet.

D’Gamm vun de Wollen geet vun enger ganz rauer, krazeger a graffer Woll bis zu enger ganz, ganz feiner Woll, déi sech bal wéi Watt ufillt. Um Kënschtler ass et, déi richteg Woll fir dee richtegen Objet erauszesichen an och auszeprobéieren, wat flott an originell Zesummestellunge sinn. All meng Filzsaache sinn Unikater, déi integral hei zu Lëtzebuerg handwierklech hiergestalt sinn.